Musée de la Draperie
Musée de la Draperie
Musée de la Draperie
Musée de la Draperie
Musée de la Draperie
Musée de la Draperie
Musée de la Draperie
Musée de la Draperie
Musée de la Draperie
Musée de la Draperie

Wee si mir ?

Déi al Duchfabrik vun Esch-Sauer ass haut e liewege Musée a presentéiert d'Handwierk vun der Duchhierstellung , also vu Stofft aus Woll. Permanent Ausstellung, Geféiert Visite, Verkaf vun Decken déi op der Plaz gemaach ginn.


D'Duchfabrik vun Esch -Sauer

Schon am 16. Joerhonnert gouf et zu Esch-Sauer eng Zunft vun Wiewer. Si ass zäitgläich entstanen mam Erfannen vun den éischten Maschinnen fir Woll ze verschaffen, eng Matière Première déi immens wichteg fir d'Duerf Esch-Sauer war, wou et soss weider keng wirtschaftlech Méiglechkeeten gouf.

1807 huet de Martin Schoetter-Greisch eng Walkmaschinn installéiert, 10 Joer méi spéit e Spannrad. D'Entreprise gouf 1866 vergréissert fir déi aner Etappen an der Duchproduktioun ze erméiglechen. 1901 hunn d'Gebridder Demuth d'Entreprise kaaft.

D'Famill Demuth haat d'Duchfabrik bis si 1975 d'Dieren zou gemaach huet.

Um Enn vun de 1950er Joeren hunn 23 Leit an der Duchfabrik geschafft. D'Duchfabrik as schlussendlech vun der technescher Revolutioun, dem Opkommen vun de synthetesche Faseren an der Ofschafung vum obligatoreschen Militärdéngscht iwwerrullt ginn.

1990 huet den SYCOPAN, de Gemengesyndikat fir d'Schafung vum Naturpark Uewersauer, d'Duchfabrik kaaft fir dësen exzeptionellen industriellen Patrimoine ze erhalen an d'Maison du Parc hei zesummen mam Textilmusee ze installéieren.

Vun 1990 bis 1995 sinn d'Maschinnen restauréiert ginn.

Den Musee vun der Duchfabrik an d'Maison du Parc  hunn hir Dieren 1995 opgemaach. Zanterhier ginn d'Maschinnen bei Visite guidéeen (just op Ufro) a Betrib geholl. Et gëtt och eng kleng Produktioun vu Produkter aus Woll, wéi Decken, Houssen fir op Kappkëssen, Schaler, Etuie fir Handyen etc.

Zanter  2001, sinn an der Duchfabrik och regelméisseg Textil-Ausstellungen an et ginn Workshops organiséiert.

Nieft dem Musée ass an der Maison du Parc och eng Ausstellung iwwert de Naturpark, an der d'Visiteuren sech iwwert den Naturpark, seng Awunner a seng Emwelt renseignéieren kennen. A klengen Haisercher kennen d'Kanner sech op eng spilleresch Aart a Weis mat der Fauna a Flora a mat de Projet'en vum Naturpark .

Ausserdeem ass an der Maison du Parc eng touristesch Informatiounsplaz an e Shop mat regionalen Produkter.

 

 

Infos pratiques
Musée de la Draperie
Nëtzlech Infoen
Rue de Lultzhausen 15
9650 Esch-sur-Sûre (LUXEMBOURG)
Telefon:
Fax:
+352 89 95 20

E-mail:

Eis Büroszäiten

Mé. 10:00 - 12:00 14:00 - 18:00
Dë. 10:00 - 12:00 14:00 - 18:00
Do. 10:00 - 12:00 14:00 - 18:00
Fr. 10:00 - 12:00 14:00 - 18:00
Sa. 14:00 - 18:00
So. 14:00 - 18:00
Congés annuels : vum Freideg 1 Januar 2016 um Freideg 1 Januar 2016
Fir Iech ze hellefen
  • Accès handicapé
  • Ascenseur
  • Chien(s) accepté(s)
  • Espace enfants
  • Hot Spot WiFi

Mir schwätzen

allemand  anglais  français  luxembourgeois  néerlandais